Wénkelmiesser
Ausgesinn
E Wénkelmiesser (och Gradmiesser genannt) ass en einfache Goniometer fir d'graphesch Bestëmmung vun engem Wénkel.
Hie besteet aus enger kreesfërmeger oder hallefkreesfërmeger Scheif mat Wénkel-Andeelungen. D'Scheif besteet aus Plastik, Bakelit, staarkem Pabeier oder Blech. Normal sinn Duerchmiessere vun 8 bis 15 cm, an Andeelunge vun 1° oder 0,5°.
Dacks si Wénkelmiesser an Zeechen- oder Geodräiecker integréiert. Méi genee Wénkelmiesser hunn eng schwenkbar Schinn mat Moossstaf (Längtenandeelung op Millimeter), déi beim gewënschte Wénkel festgestallt ka ginn.
Beim hallefkreesfërmege Gradmiesser leeft d'Millimeter-Andeelung laanscht den Duerchmiesser.
Verschidde Wénkelmiesser
[änneren | Quelltext änneren]-
360-Grad Wénkelmiesser
-
Geodräieck mat integréiertem Wénkelmiesser
-
typesche Wénkelmiesser mat klengem Lineal fir de Schoulgebrauch
-
400-Gon Wénkelmiesser
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Protractors – Biller, Videoen oder Audiodateien |