Pont Neuf
Geographie | |
---|---|
Land | Frankräich |
Plaz | Paräis |
Koordinaten |
48° 51’ 24’’ N 02° 20’ 27’’ E |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck |
Féiert iwwer | Seine |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Boubréck |
Totallängt | 238 m |
Breet | 22 m (Tablier) |
Héicht | - |
Material | Steen |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1578 - 1607 |
Architekt(en) Konzeptioun |
J. Androüet du Cerceau, F. des Isles, G. Marchand, T. Métezeau |
De Pont Neuf (lëtz.: Nei Bréck) ass, och wann den Numm eppes aneres vermudde léisst, eng vun den eelste Brécken zu Paräis. De Pont Neuf leeft iwwer d'Seine a gouf a Frankräich als Monument historique klasséiert.
- Dohi kënnt een iwwer d'Metrosstatioun: Pont Neuf.
Wéi déi meescht Brécken aus der Bauzäit vum Pont Neuf ass et eng Boubréck mat klenge Béi. De Pont Neuf ënnerscheet sech awer vun de weidere Paräisser Brécken a verschiddene Punkten. Et war déi éischt Bréck déi iwwer d'ganz Seine gaangen ass. Ausserdeem war et déi éischt Paräisser Bréck déi net gedeckt war an op där keng Haiser stoungen. Zu gudder Lescht war och d'Reiderstatu vum Henri IV. eppes Neies um Pont Neuf.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Nom Pont aval a Pont amont vum Boulevard périphérique ass de Pont Neuf déi drëttlängst Bréck vun der Stad Paräis. Et ass eng Boubréck aus Steen. D'Decisioun fir d'Bréck ze baue gouf am Joer 1577 getraff, an den 2. November vun deem Joer huet de Kinnek Henri III. eng Kommissioun designéiert, déi d'Konstruktioun vun der Bréck iwwerwaache sollt. De Claude Marcel, Generalkontroller vun de Finanzen, war d'Verbindung tëscht der Kommissioun an dem Kinnek. D'Konstruktioun gouf mat Patentbréiwer vum 16. Mäerz 1578 vum Kinnek autoriséiert.
Den 31. Mee 1578 huet de Kinnek Henri III. perséinlech den éischte Stee vum Pont Neuf geluecht, derbäi waren d'Kinnigin-Mamm Katharina vu Medici an d'Kinnigin Louise vu Loutrengen-Vaudémont. Se gouf ënner de Kinneken Henri III. an Henri IV., vu 1578 bis 1607 gebaut. De Schantjen hat wéinst de Biergerkricher Verspéidung kritt, a wärend 10 Joer, vu 1588-1598 gouf net un der Bréck geschafft. Am Joer 1599 huet de Kinnek Henri IV. den Optrag ginn, mat den Aarbechten nees weiderzefueren, an de Guillaume Marchant an de François Petit kruten d'Opsiicht dervun.
Den 2. Januar 1602 huet den Henri IV. de Bau vun enger grousser Pompel - Pompe de la Samaritaine - an Optrag ginn, fir d'Palaisë vum Louvre a vun den Tuileries mat Waasser ze versuergen. Dës Pompel gouf 1813 zerstéiert.
Am Juli 1606, wéi d'Aarbechten op en Enn goungen, huet den Henri IV. de Bau vun enger Plaz decidéiert, mat Haiser mat enger identescher Fassad - d'Place Dauphine.
Den 23. August 1614, véier Joer nom Doud vum Kinnek, gouf seng Reiderstatu ageweit, déi d'Maria vu Medici beim Giovanni Bologna an Optrag ginn hat. Dës Statu huet d'Revolutioun net iwwerlieft, Deeler goufe 1792 ageschmolt, fir Kanounen draus ze géissen. Eng nei Statu gouf ënner der Restauratioun ënner dem Louis XVIII. an Optrag ginn, an gouf 1818 fäerdeg. D'Artiste waren de François-Frédéric Lemot an de Pierre Tasca.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Paräisser Brécken
- Les amants du Pont-Neuf, Film vum Leos Carax.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pont Neuf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis. |