Op den Inhalt sprangen

Ormond Stone

Vu Wikipedia
Ormond Stone
Gebuer 11. Januar 1847
Gestuerwen 17. Januar 1933
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Professer

Den Ormond Stone, gebuer den 11. Januar 1847 zu Pekin, Illinois, a gestuerwen de 17. Januar 1933 zu Centreville, Virginia, war en US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.

Den Ormond Stone war vun 1875 un den Direkter vum Cincinnati Observatoire zu Ohio. Am Joer 1882 gouf him Direktioun am neie McCormick Observatoire vun der Universitéit vu Virginia ugebueden. 1884 grënnt hie mat sengem eegene Geld d'Annals of Mathematics, wat haut ee vun de bedeitendste Fachjournalen iwwer Mathematik ass.

A senger laangjähreger Aktivitéit als Astronom entdeckt hien 88 Objete vum NGC-Katalog a 7 vum Index-Katalog.

Portal Astronomie

pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy