Op den Inhalt sprangen

Grindelwald

Vu Wikipedia
Grindelwald
Land Schwäiz
Awunner 3.801
  31. Dezember 2018
Fläch 171,28 km²
Héicht 1.034 m
Koordinaten 46°37'32"N, 8°2'0"O
Telefonszon 033
Postcode 3818
Websäit http://www.grindelwald.com
Grindelwald ëm 1900. Am Hannergrond d'Wetterhorn

Grindelwald ass eng Uertschaft am Berner Oberland an der Schwäiz. Si läit um Fouss vum Eiger an ass bekannt wéinst hire Wantersport-Méiglechkeeten.

Grindelwald läit wäit verstreet an engem Dallkessel, deem vun der Schwarzen Lütschine tëscht Eiger, Wetterhorn, Fiescherwand a Faulhorn. Seng Gletscher, den Ënneschten - an den Ieweschte Grindelwaldgletscher, déi vun eppes 1590 - 1880 bis virun d'Duerf erukoumen an déi der Uertschaft den Numm Gletscherduerf ginn hunn, gi gär besicht.

D'Uertschaft lieft besonnesch vum Tourismus. Am Wanter vun de Schifuerer, am Summer vun den Touristen, déi wanderen a spadséiere ginn, an d'Méiglechkeet hunn, fir déi schéi Landschafte mat den dräi Monsterbierger: Eiger, Mönch a Jungfrau ze gesinn. De Friemeverkéier huet eng laang Traditioun. Scho fréi ass versicht ginn, de Gäscht d'Bierger méi no ze bréngen. Am Zesummenhank mam Wetterhorn, ee vun de Symboler vu Grindelwald, sollt drun erënnert ginn, datt do ganz fréi e Lift gebaut gouf. An déi Einheimesch sinn houfreg, fir drun z'erënneren, datt de Wetterhorn-"Lift" déi eelst Seelbunn vun der Welt war.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Mat der Gondelbunn op de Männlichen
  • Mam Sessellift op de First
  • Mat der Biergbunn op d'Kleine Scheidegg
  • Mat dem Bus op d'Grosse Scheidegg
Den Eiger vun der Grossen Scheidegg aus gesinn
Grindelwald
Commons: Grindelwald – Biller, Videoen oder Audiodateien
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy