Op den Inhalt sprangen

Alphabet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Alphabet an der Sproochwëssenschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Alphabet (Homonymie).
Majuskelen a Minuskelen am laténgeschen Alphabet

D'Alphabet (aalgr. ἀλφάβητος alphábētos) ass eng Zuel vun Zeechen, fir Wierder vun enger Sprooch schrëftlech duerzestellen. D'Reiefolleg vun de Buschtawen, déi am Alphabet festgeluecht gouf, erlaabt et Wierder an Nimm, zum Beispill an Dictionnairen, alphabetesch ze zortéieren.

Den Numm Alphabet kënnt vun den zwéin éischte Buschtawe vum griichesche Schreifsystem: Alpha – α, Beta – β. Op Basis vun den éischten dräi Buschtawe vun „eisem“ Alphabet (respektiv vum laténgeschen Alphabet) gëtt och alt emol Abc gesot.

Dat modernt laténgescht Alphabet huet follgend 26 Zeechen:

Positioun 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26
Grouss Buschtawen A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z
Kleng Buschtawen a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z
Aussprooch ​[a] [be] [t͡se] [de] [e] [æf] [ɡe] [ha] [i] [jot] [ka] [æl] [æm] [æn] [o] [pe] [ku] [ɛʁ] [æs] [te] [u] [faʊ] [ve] [iks] [iɡʁæk] [t͡sæt]

D'Nimm vun de Buschtawe si lännerspezifesch. Sou kënnen a verschiddene Sproochen nach dat eent oder anert Zeechen derbäikommen, wéi z. B. d'Buschtawe fir Ëmlauten oder Betounungen ze schreiwen oder ze markéieren.

E puer Beispiller:

Sonnerbuschtawen
Am Däitschen: Ä Ö Ü
ä ö ü ß
Am Franséischen: À Ç É È Ê Î
à ç é è ê î
Am Lëtzebuergeschen: Ä Ë
ä ë
Am Spueneschen: Ñ Ó
ñ ó
Commons: Alphabeter – Biller, Videoen oder Audiodateien
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy