Content-Length: 65256 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Iris_Roseneck

Iris Roseneck – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Iris Roseneck

Vu Wikipedia
Iris Roseneck
Gebuer 25. Juli 1967
Quierschied
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schéisser

D'Iris Roseneck oder Iris Kremer-Roseneck, gebuer de 25. Juli 1967 zu Quierschied am Saarland (Däitschland)[1] ass eng fréier lëtzebuergesch Schéisserin an Olympionickin.[2]

Sportlech Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Iris Roseneck huet 1981 mam Sportschéissen ugefaangen a war beim Sport-Schéiss-Club Kayl lizenzéiert[3].

Fir d'Olympesch Summerspiller 1996 zu Atlanta hat si sech net qualifizéiert, konnt awer mat enger Wildcard un de Spiller deelhuelen. Mam Loftgewier koum si ënner 49 Konkurrentinnen aus 30 Natioune mat 387 Réng op d'Plaz 31.[4]

D'Iris Roseneck ass mam Schéisser Claude Kremer bestuet; si krut 1992 déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[4]


Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Olympedia – Iris Kremer-Roseneck. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  2. Iris Roseneck op der Websäit vun der 'Association Luxembourgoise des Olympiens'
  3. (de)Jos Mersch, Historique. SPORT-SCHÉISS-CLUB KAYL (24.01.2024). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  4. 4,0 4,1 Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S.84-85. ISBN 978-2-9599734-5-1








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Iris_Roseneck

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy