Content-Length: 136338 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Departement_Pas-de-Calais

Departement Pas-de-Calais – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Departement Pas-de-Calais

Vu Wikipedia
Pas-de-Calais (62)
Regioun Hauts-de-France
Prefecture Arras
Ënnerprefecture Béthune
Boulogne-sur-Mer
Calais
Lens
Montreuil
Saint-Omer
Bevëlkerung 1.455.00 Aw.(2005)
Fläch 6.671 km²
Arrondissementer 7
Kantonen 77
Gemengen 894

De Pas-de-Calais (62) ass e franséischt Departement an der Regioun Hauts-de-France. Säin Numm geet op de Pas de Calais zeréck, d. h. de Passage an der Mierenkt vum Äermelkanal tëscht Calais a Groussbritannien.

D'Departement Pas-de-Calais gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt.

De Pas-de-Calais ass en Deel vun der Regioun Hauts-de-France. E grenzt un d'Departementer Nord a Somme.

E stéisst och un den Äermelkanal an un d'Nordmier. Stréim a Flëss déi derduerch lafen, sinn: Authie, Canche, Ternoise, Liane, Sensée, Scarpe, Deûle, Leie an Aa.

Stied mat méi wéi 15.000 Awunner sinn: Arras, Béthune, Lens, Liévin, Calais, Boulogne-sur-Mer, Saint-Omer, Hénin-Beaumont, Bruay-la-Buissière, Avion a Carvin.

D'Awunner vum Pas-de-Calais ginn op Franséisch Pas-de-Calaisien(ne)s genannt.

Commons: Pas-de-Calais – Biller, Videoen oder Audiodateien








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Departement_Pas-de-Calais

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy