Pneu
Ausgesinn
E Pneu, Apokop vum Franséische bandage pneumatique, ass en torusfërmege Kierper, aus Kautschuk oder soss engem textilen an/oder metallesche Material, dee geduecht ass, op eng Felg vun engem Rad montéiert ze ginn. E kann aus vollem Gummismaterial bestoen oder mat engem Gas (Loft oder Stéckstoff) oder fir verschidden Zwecker och mat Waasser, mat Iwwerdrock gefëllt ginn.
E mécht de Kontakt vum Rad mat der Ënnerlag op där gefuer gëtt, a bitt eng gewëssen Haftung, fiedert Schocken a Vibratiounen of a mécht esou d'Virukomme vun terrestresche Gefierer méi confortabel.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pneuen – Biller, Videoen oder Audiodateien |