Content-Length: 135614 | pFad | https://lb.wikipedia.org/wiki/Rout_Mier

Rout Mier – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Rout Mier

Vu Wikipedia

D'Rout Mier ass e laangezunnent Bannemier tëscht Asien an Afrika.

Et ass 1800 km laang, mä néierens méi breet wéi 360 km. Deen déifste Punkt läit 2604 m ënner dem Mier; an der Moyenne ass et 558 m déif. D'Rout Mier spléckt sech am Norden an zwou Buchten: den déiwe Golf vun Akaba an de westlechen, vill manner déiwe Golf vu Suez. Am Süde geet et, via de Bab el Mandeb an de Golf vun Aden iwwer, en Ausleefer vum Indeschen Ozean. D'Rout Mier grenzt am Norden un Israel a Jordanien, am Osten u Saudi-Arabien a Jemen an am Westen un Eritrea, Sudan an Egypten.

Zu den Originne vum Numm "Rout Mier" gëtt et verschidden Theorien: entweeder gëtt en op d'Algen zeréckgefouert, déi ëm heiansdo eng roudelzeg Faarf ginn, oder op der Fait, datt am ale Perseschen d'Himmelsrichtungen no Faarwe benannt goufen, a "rout" de Süde bezeechent huet. Eng weider Theorie bezitt et op d'roudelzeg Sandsteefielsen an Eritrea, deenen hir Faarf op d'Mier iwwedroe gi wier.

Commons: Rout Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Rout_Mier

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy