Deen eelsten Deel vum Gebai laanscht déi haiteg rue du Palais de Justice, gouf 1545 als Privathaus gebaut. 1564 huet de spuenesche Kinnek Philippe II. de Besëtz kaaft an en zum Sëtz vum Gouverneur, deemools de Péiter Ernest vu Mansfeld, gemaach.
Iwwer 2 Joerhonnert, bis 1795, war et de Palais vum Gouverneur vun der Festung Lëtzebuerg.
Am 19. Joerhonnert gouf d'Gebai vu verschiddene Verwaltunge benotzt. 1886 gouf et, no Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt zu engem Geriichtspalais ëmgebaut, an déi monumental Fassad aus Sandsteen, zanterhier d'Haaptentrée, koum derbäi. D'Funktioun vum Geriichtspalais gouf bis 2008 bäibehalen, wéi d'Cité judiciaire fäerdeg gouf an d'Geriicht dohi verluecht gouf. No Renovatiounsaarbechten ass 2017 den Ausseministère erageplënnert, an d'Gebai krut dunn den offiziellen Numm Bâtiment Mansfeld... > méi
… d'Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
… d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
… d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
… nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Fürerschäiprüfung benotzt ginn ass?
… de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?