Wéi 1873 d'Sauerstreck Dikrech-Iechternach opgaange war, koum d'Iddi eng éischt Kéier op, eng Ofzweigung op Beefort ze maachen, fir de Männer vun do, vun deenen der eng ettlech an de Minièren am Süde geschafft hunn, et méi liicht ze maachen dohin ze kommen.
Et sollt awer bis 1902 daueren, ier d'Aarbechte fir de Bau vun der Schmuelspuerbunn als utilité publique deklaréiert goufen a finanzéiert konnte ginn.
Den éischten Deel vun der Streck - tëscht dem Grondhaff an der Carrière vun Déiljen - ass de 4. November 1904 op enger Längt vu 6 km opgaangen. D'Verlängerung vun der Streck fir de Persouneverkéier bis op Beefort ass eréischt 1911 a Betrib geholl ginn... > méi
…den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
1961: Zu Paräis ginn no enger net geneemegter Manifestatioun vun 30.000 Algerier eng onbekannt Zuel vu Manifestanten doutgemaach, dausende gi blesséiert a 14.000 festgeholl.